Eis Geschicht

Alles huet am Joer 1976 mat der Ouverture vum Decorama zu Walfer ugefaangen. Dëst war een 80m2groussen Ausstellungsraum, dee virun allem Kichen exposéiert hat. 1984 si mir dunn op Bäreldeng geplënnert, wéi nieft de Kichen och aner Miwwelen an d‘Sortiment opgeholl goufen a sech eise Showroom op 1.200m2vergréissert huet. Am Joer 2000 si mir dunn net just op Capellen geplënnert, mä hunn och Decorama zu Miwwel & Kichechef ëmbenannt. Ënnert engem neien Numm goufen nieft Miwwelen a Kichen och Teppecher, Luuchten, Dekoratiounsartikelen an Elektroapparater op 10.000m2ugebueden.

Ee weidere grousse Schrëtt huet de Kichechef gemaach, wéi 2010 d’Expositiounsfläch op 38.000mvergréissert gouf. Ee ganz neit Konzept vu Kichen, Miwwelen, Artikele fir Kanner, Buedzëmmer-Ariichtungen, Gaardemiwwel-Garnituren, Teppecher, Luuchten, Elektroapparater, Haushaltsgeschir an Dekoratiounsobjete gouf virgestallt.