Eis Experienz

Kommt an entdeckt dat gréisste Miwwelgeschäft zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun. Mir proposéieren Iech eng breet Panoplie un Teppecher, Haushaltsgeschir, Apparater an Accessoiren am Elektroberäich a Miwwelen och fir an de Gaart. Eis Luuchten- an Accessoirenabteilung erméiglecht Iech et, Äert Doheem stilvoll anzeriichten. Entdeckt och de Babibutz mat eise Miwwelen an Accessoirë fir eng léif ageriichte Kanner-Schlofkummer.

Kichechef ass ee lëtzebuergesche Betrib mat méisproochegen a qualifizéierte Mataarbechter, déi Iech mat Passioun an Know-How un der Säit stinn. Esou gëtt Äre perséinleche Projet a Wunndram realiséiert.