fbpx

Konditiounen

  1.  D’Clientskaart „Kichechef“ ass gratis a strikt perséinlech u jiddwer eenzele Client gebonnen.
  2. „Kichechef“ garantéiert, datt all d’Donnéeë vun de Clienten, déi eng Clientskaart ufroen, vertraulech behandelt ginn an intern exklusiv fir d’Kommunikatioun mam Client benotzt ginn, fir esou déi am Kontrakt festgehale Konditiounen anzehalen. Dëst geschitt alles am Kader vun de Reegele vum RGPD, deen de 25. Mee 2018 a Kraaft getrueden ass. Kichechef engagéiert sech, fir keng perséinlech Donnéeën un een Drëtte weiderzeginn, ausser wa gesetzlech Ausnamen antrieden.
  3. All Titulaire vun enger Clientskaart kritt automatesch ee perséinleche Kont, op deen déi Montante gespäichert ginn, déi de Client an der Textilien- an der Luuchtenabteilung ausginn huet.
  4. All Kaf an enge vun de béiden Departementer „Boutique&Textilien“ a „Luuchten“ gëtt ee Recht op ee Kredit vun 10% vum Akafsmontant, ausser déi kaaften Artikele stéinge schonns ënnert enger Remise, wéi beispillsweis Reduzéierungen, Solden, Promotiounen, Liquidatiounen asw. Och Artikele vun Hochzäits-, Kommiouns- oder Gebuertslëschte falen ënnert dës Konditiounen.
  5. Déi gespuerten Zomme ginn op de Kont vun der Clientskaart vum Titulaire gesat, déi de Client mat senger Clientskaart bei sengem nächsten Akaf op d’Gesamtheet vum Sortiment* bei Kichechef asetze kann.
  6. De Bong ass fir dat gesamt Joer gëlteg a leeft an der Reegel ee Joer, nodeems en ausgestallt gouf, of.
  7. D’Umeldung vun der Clientskaart ka bei Bedarf zu all Moment (mat engem Schreiwes) annuléiert ginn.
  8. Presentéiert Är Clientskaart bei all Passage duerch d’Keesen, fir esou vun Ärer Clientskaart ze profitéieren.

*Kichen, Miwwelen, Buedzëmmer-Miwwelen, Buedzëmmeren, Luuchten, Boutique an Textilien, Teppecher, Babibutz.