
An dësem gemittleche Schlofzëmmer maacht Dir d’Dier op fir onendlech waarm Nuancen.
Mir entdecken e grousst Bett, esou gemittlech wéi och chic, mir staunen iwwert all déi Detailer a den verschiddenen Gold Nuancen.
Vum Spigel bis zum Stull, dës schéin Harmonie vu Brong, Beige a Gold beliicht perfekt den Art-Deco. Chic a glamouréis, den Stil vun dësem Raum … esou romantesch!
Wat mécht Iech Loscht Zäit um Dësch ze verbréngen? Eng selwergemaache Moolzecht an gutt Gesellschaft!
Mir mussen zouginn dass de Landhausstil vun dësem Iesszëmmer mat séngen waarmen Faarwen eng schéin Invitatioun fir ee d’Familljeniessen ass.
De klenge Vintage Touch vun de Miwwele bréngt eppes Berouegendes. Wéi och ëmmer, mir zécken net e klengen Akzent vun Originalitéit mat an ze bréngen, andeems mir eng raffinéiert Tapisserei integréieren.
Eng fantastesch Atmosphär mat enger romantescher Nott.
Gro ass eng trendy an zäitlos Faarf, déi sech der Atmosphär upasst déi si gär erschafen well. An dëser Kichen ass eng faarwefrou Nisch integréiert, déi duerch hier Plättercher dat grot mat hiren frouen an äerdegen Faarwen opwäert. Duerch desen originell a perséinlech Touch bréngen Plättercher eng Déift an erzielen eng Geschicht…
D’ Kombinatioun mat dem schéinen donkel roudem Service aus Porzeläin betounen déi liichtend a schick Seid vun dëser facettëräicher Kichen.
Wann dat schéint Wieder erëm do ass, fille mir äis voller Energie a mir ginn ongedëlleg fir eist Haus erëm op zefrëschen.
An dësem Living ginn natierlech Materialien vu Faarwen beliicht. De Fokus ass hei op Materialien an op d‘Handwierk, an dat vun den Maueren bis zur Dekoratioun.
Mir entscheede äis fir hellt Holz, Lengen a Pastellfaarwen fir eng frësch Atmosphär ze erschaffen. Rattan vermëscht sech och perfekt mat dem natierlechen an authentesche Stil … fir e gemittlechen an erhuelsamen Interieur, voller Sonn.
Fir déi eng ass et aalt-Rosa fir di aner ass et orange-brong. D’Faarf terracotta gëtt et an onendlech villen Téin, déi all eng authentesch an eemoleg Atmosphär bidden.
An dëser Ambiance gëtt terracotta-Faarf mat neutralen an hellen téin wei gro a rosa kombinéiert. Hei gëtt et mat engem gro gerëpptem Samett-Canapé kombinéiert, fir een gemittlechen Effet an den originell opgehaangen Teppech gëtt eng kleng Aqua-Touch.