Kichechef - Loading
Kichechef -  - Douceur et tissage délicat
Douceur et tissage délicat

Douceur et tissage délicat

Egal wei Är Terrass ass, et ass net neideg si mat Miwwel ze iwwerfëllen vir eent confortabel Gefill ze hunn.
Sicht Iech eng roueg Platz an entspaant Iech an dësen gemittlechen Miwwel vun eenzegaartegem Design vum Vincent Sheppard.
Traut Iech a meescht des Miwwel mat pastellfaarweger Décoration oder mat Geflecht fir dass Dir Iech nach méi wuel fillt.
Installéiert Iech an den gemittlechen Këssen an drénkt a Rou een Pättchen.

Kichechef - Schlofkummer - Glamour chic
Glamour chic

Glamour chic

An dësem gemittleche Schlofzëmmer maacht Dir d’Dier op fir onendlech waarm Nuancen.
Mir entdecken e grousst Bett, esou gemittlech wéi och chic, mir staunen iwwert all déi Detailer a den verschiddenen Gold Nuancen.
Vum Spigel bis zum Stull, dës schéin Harmonie vu Brong, Beige a Gold beliicht perfekt den Art-Deco. Chic a glamouréis, den Stil vun dësem Raum … esou romantesch!

Kichechef - Schlofkummer - Douce légèreté
Douce légèreté

Douce légèreté

E gutt Iessen dobaussen, an der Sonn, dovun dreemt en dat ganzt Joer !
Hei hunn mir eng Atmosphär mat einfachen a puristeschen Linnen geschaf, voller Liichtigkéet déi Freed um Liewen verbreet.

Kichechef - Living - En Mediterran Inspiratioun
En Mediterran Inspiratioun

En Mediterran Inspiratioun

Den Summer an séng waarm Faarwen, schéin Stoffer an natierlech Materialien wéi den Rattan, et gëtt keen Zweiwel drun, dass de Summer schéin an hell gëtt.
Tëschent wäiss, beige a gebleechtem Holz, loosst Iech einfach mat inspiréieren.
Wéi eng Vakanz, doheem …

Kichechef - Salle à manger - L’élégant tissage du cannage
L’élégant tissage du cannage

L’élégant tissage du cannage

Den Rattan gëtt et ëmmer méi an den Zëmmer vun engem Haus.
An dësem Iesszëmmer gëtt den Design vum Rattan vun de schwaarze Miwwele ervir gestrach. Dës Atmosphär gëtt vun enger besonnescher Déift ënnerstrach, fir de Raum opzewiermen an him eng Zen an Zäitlos Touch ze ginn… Mengt Dir net och, et fillt sech einfach nëmmen gutt un?

Kichechef - Schlofkummer - Kraaft vun de Blummen
Kraaft vun de Blummen

Kraaft vun de Blummen

Hochzäit vu Schick an Blummen an dësem sou gemittlechen Zëmmer… Fir des Atmosphär ze erschafen trauen mir ons un een Khaki-Bett mat sengem villsäitegen liichtenden Faarf Toun mat waarmen Téin wei bordeaux-rout oder al-rosa kombinéiert an dann nach puer Blummen Akzenter, an d’Faarf Khaki entfaalt hier ganz Liichtkraaft!

Coups de CoeurInspiratiounen