Wärend Dir no Loscht a Laun duerch d’Ausstellungsraim vum Kichechef flanéiert, erlieft Äert Kand vill flott Abenteuer am Homieland, eisem wonnerbare Spillberäich fir d’Butzen. Zesumme mat eisen Animateure kënnen d’Kanner hei eis verschidde Welten entdecken, un déi si sech mat Sécherheet erënnere wäerten.
Dem Kichechef seng Geschicht huet scho viru ville Joren ugefaangen.
Mir droen dozou bäi, Beräicher ze schafen, an deenen et sech gutt liewe léisst, an dat schonn zënter … 1976. Ugefaangen huet alles mat engem Geschäft zu Walfer, dat op de Verkaf vu Kiche spezialiséiert war. Zanterhier hu mir eis Aktivitéite weiderentwéckelt an d’Offer no an no ausgebaut, mat engem éischten Espace zu Bäreldeng, deen 1984 seng Dieren ënnert dem Numm Decorama opgemaach huet.
Am Joer 2000 goung dann effektiv eisen aktuellen Ausstellungsberäich op (deen 2010 nach eemol vergréissert gouf), a mir hunn eisen Numm a Kichechef geännert. Dat alles, fir Iech d’Méiglechkeet ze ginn, zesumme mat eis déi neisten Trends a ville verschiddene Welten ze entdecken.
Am Laf vun der Zäit hu mir eis ëmmer erëm erneiert, woubäi eist Zil ëmmer dat selwecht war: Iech ze erméiglechen, all Raum bei Iech doheem no Äre Wënsch a Virstellungen anzeriichten.