Kichechef - Loading
Kichechef - Living - Chaleureux Exotisme
Chaleureux Exotisme

Chaleureux Exotisme

E gemittlechen Raum deen zu Iech passt, dat ass en Zeechen vun enger gelongener Dekoratioun. An dëser üppeger Ambiance passen Fotellen am Samett, barock Beistelldëescher, eng exotesch Tapisserei an Teppecher mat perseschen Motiven wonnerbar zesummen.

Eng Dekoratioun wou sech Är Perséinlechkeet am Vermëschen vun Faarwen, Materialien a Stylen ganz natierlech ausdréckt. An dësem exoteschen a gemittlechen Dekor léisst et sech ganz natierlech entspanen.

Kichechef - Schlofkummer - Berouegend Eleganz
Berouegend Eleganz

Berouegend Eleganz

Brong ass eng vun de Faarwen déi eng waarm an elegant Atmosphär kreéiert. Et ass dofir déi ideal Faarf an engem intimen Zëmmer, wéi zum Beispill d’Schlofkummer, well dës Faarf kann Komfort an Entspanung bréngen.

D’Resultat ass eng Atmosphär perfekt ausgeglach tëscht natierlechen a waarmen Téin, Eleganz a Vitalitéit … fir dee schéinsten Effekt!

Kichechef - Salle à manger - Wonnerschéinen Terracotta Toun
Wonnerschéinen Terracotta Toun

Wonnerschéinen Terracotta Toun

Mir invitéieren Iech op eng Rees duerch eis speziell zesummegestallten «Iesszëmmer»-Atmosphär! Des waarm Atmosphär bitt eng subtil Mëschung aus Orange- an Taupe-Nuancen, et ass eng Mëschung aus liichtend an warmen Téin déi hei gemëscht sinn… Des frëndlech an dynamesch Faarwen sinn perfekt fir all Iesszëmmer.

Kichechef - Living - Ode à la courbe
Ode à la courbe

Ode à la courbe

Mir verbannen dëse wonnerschéine Canapé mat engem soberen an elegante Look. Mat e bësse Fantasie, dank der Polsterung an de verschiddenen Accessoiren, deenen hir Formen duerch matt- a metallesch Nuancen fir dat schéinste Liichtspill suergen.
Also wéini invitéiert Dir eis?

Kichechef - Salle à manger - Vintage industrial
Vintage industrial

Vintage industrial

An dësem Industrie- a Retro-Stil Iesszëmmer présentéieren mir dësen Dësch mat sengem Gestell aus Stol a senger schéiner hëlzener Plaque.
Fir dës industriell Dekoratioun ze completéieren, kënnt Dir se mat e puer anere schéine Metallstécker dekoréieren, mir huelen och Tëppescher a vermëschen verschidden Stiller. Mir betounen déi waarm Säit vun dësem Raum andeems mir en mat grousse Kierf dekoréieren, all Zort vu Vasen, souwéi e puer gréng Planzen.
Et fillt sech just gutt un… Gudden Appetit!

Kichechef - Salle à manger - Osez la couleur
Osez la couleur

Osez la couleur

Wann elo déi schéin a sonneg Deeg kommen, dann huet Äre Gäart och Usproch ob Faarwen.
Dofir hunn mir déi flott a faarweg Designerstill vu MAGIS bei dësen Dësch gestallt.
Gréng, giel an hellt Holz, mixt d’Fäarwen fir Är Terrass ob ze frëschen.

Coups de CoeurInspiratiounen