Léif Clienten,
Mir beméien äis ëmmer erëm, d’Qualitéit vun eise Produkter an Zerwisser ze verbesseren, fir är Erwaardungen ze erfëllen. Dofir hu mir e Programm op d’Bee gesat, deen eise Clienten et erlaabt, u verschiddenen Etuden deelzehuelen. Do geet et ëm är Erfarungen an Erwaardungen am Zesummenhang mat eisem Geschäft.
Déi interesséiert Persounen, déi bei dëser Etude matmaachen, kréien, jee nom Typ vun der Enquête, en Akafsbong bis zu 150€. Dee kann an eisem Geschäft ageléist ginn.
Wann dir beim Kichechef vu mar wëllt matmaachen, wiere mir frou, iech als Partner bei deene verschiddenen Etuden derbäizehunn. Dofir geet et duer, wann dir de Formulär hei ënnendrënner ausfëllt.
Mir kontaktéieren iech dann am Kader vun den Enquêten, déi mir an den nächste Woche wäerten duerchféieren.