De Kichechef Buttek ass Sonndes, den 24. September an den 1. Oktober op.

Monochrom zeen

Matzen an dëser Bamlandschaft beim Waasser entdeckt een deen eleganten, angeneem einfachen Ecksofa vun der Mark Leolux. An dëser monochromer Zeen, falen d’Miwwelen an der Einfachheet vum Raum net op.
D’Eleganz vun de Linnen, de Matièren an de Faarwe schafen eng berouegend a flott, dekorativ Ambiance. Mir schätzen dëse Salon besonnesch, well en zäitlos ass an awer Personalitéit huet.