Kichechef - Loading
Kichechef -  - Côte à côte
Côte à côte

Côte à côte

Huelt Platz an entdeckt wei agreabel et ass niewenteneen ze setzen an an di selwecht Richtung ze kukken….souwuel moies frei wei och owes no der Aarbecht.
De Modell Bistroo vun Extremis, sympathesch a flotten Design, invitéiert fir Platz ze huelen, sech ze ënnerhalen an zesummen e Kaffi ze drenken!

Kichechef -  - Sobriété vitaminée
Sobriété vitaminée

Sobriété vitaminée

Ronderëm d’Schwämm oder am Gaart, mat dësen gro-schwaarzen Miwwel, kombinéiert mat Accessoiren am gielen oder terracotta, schaft Dir eng flott a gemittlech Ambiance.
Des cosy Ambiance invitéiert Iech vill Zäit dobaussen ze verbréngen an d’Leit déi Iech um Häerz leien ze invitéieren fir flott Momenter zesummen ze verbréngen.

Kichechef - Schlofkummer - Glamour chic
Glamour chic

Glamour chic

An dësem gemittleche Schlofzëmmer maacht Dir d’Dier op fir onendlech waarm Nuancen.
Mir entdecken e grousst Bett, esou gemittlech wéi och chic, mir staunen iwwert all déi Detailer a den verschiddenen Gold Nuancen.
Vum Spigel bis zum Stull, dës schéin Harmonie vu Brong, Beige a Gold beliicht perfekt den Art-Deco. Chic a glamouréis, den Stil vun dësem Raum … esou romantesch!

Kichechef - Schlofkummer - Osez la couleur
Osez la couleur

Osez la couleur

Wann elo déi schéin a sonneg Deeg kommen, dann huet Äre Gäart och Usproch ob Faarwen.
Dofir hunn mir déi flott a faarweg Designerstill vu MAGIS bei dësen Dësch gestallt.
Gréng, giel an hellt Holz, mixt d’Fäarwen fir Är Terrass ob ze frëschen.

Kichechef - Living - La Vie en Rose
La Vie en Rose

La Vie en Rose

Rosa ass ouni Zweiwel eng frou a lieweg Faarf, déi vill Stëmmungen a Stiler beschreiwen kann. Hieren Pastell Pudertoun an hier Hellegkeet verbreeden sech am ganzen Haus. Hier Eleganz vermëscht sech mat enger Touch vun Poesie, d’Atmosphär gëtt subtil erwiermt.

Rosa kann mat verschiddene Faarwe kombinéiert gin. Hei hunn mir et kombinéiert mat gro fir d’Eleganz, mat weis fir déi soft Säit an och mat Bordeaux rout fir méi déift an een cocooning Effekt ze kréien. An all dat mam Spill vun verschiddenen Texturen a Materialien.

Kichechef - Salle à manger - Sophistikatéieren brun
Sophistikatéieren brun

Sophistikatéieren brun

Dees salle à manger verbreet eng gemittlech a gesëllech Atmosphär fir mat Famill a Frënn zesummen ze setzen.Fir eng authentesch Atmosphär ze schafen, setze mir hei ob neutral an authentesch Téin, beige a marron, ofgesat mat schwäerz, gro an e puer méi hellen Téin.
Raffinéiert bréngt déi donkel Faarf Décoration an Eleganz an all Faarwen zesummen verbreeden eng ganz villfälteg Ambiance.

Coups de CoeurInspiratiounen