Kichechef - Loading
Kichechef - Living - Chaleureux Exotisme
Chaleureux Exotisme

Chaleureux Exotisme

E gemittlechen Raum deen zu Iech passt, dat ass en Zeechen vun enger gelongener Dekoratioun. An dëser üppeger Ambiance passen Fotellen am Samett, barock Beistelldëescher, eng exotesch Tapisserei an Teppecher mat perseschen Motiven wonnerbar zesummen.

Eng Dekoratioun wou sech Är Perséinlechkeet am Vermëschen vun Faarwen, Materialien a Stylen ganz natierlech ausdréckt. An dësem exoteschen a gemittlechen Dekor léisst et sech ganz natierlech entspanen.

Kichechef - Schlofkummer - Kraaft vun de Blummen
Kraaft vun de Blummen

Kraaft vun de Blummen

Hochzäit vu Schick an Blummen an dësem sou gemittlechen Zëmmer… Fir des Atmosphär ze erschafen trauen mir ons un een Khaki-Bett mat sengem villsäitegen liichtenden Faarf Toun mat waarmen Téin wei bordeaux-rout oder al-rosa kombinéiert an dann nach puer Blummen Akzenter, an d’Faarf Khaki entfaalt hier ganz Liichtkraaft!

Kichechef - Living - Douce an Authentesch
Douce an Authentesch

Douce an Authentesch

Fir déi eng ass et aalt-Rosa fir di aner ass et orange-brong. D’Faarf terracotta gëtt et an onendlech villen Téin, déi all eng authentesch an eemoleg Atmosphär bidden.

An dëser Ambiance gëtt terracotta-Faarf mat neutralen an hellen téin wei gro a rosa kombinéiert. Hei gëtt et mat engem gro gerëpptem Samett-Canapé kombinéiert, fir een gemittlechen Effet an den originell opgehaangen Teppech gëtt eng kleng Aqua-Touch.

Kichechef - Salle à manger - Gemittlecht Iesszëmmer
Gemittlecht Iesszëmmer

Gemittlecht Iesszëmmer

Goldeg Faarwen an déif Téin tauchen an eng heemlech, gemittlech Atmosphär vun dësem Iesszëmmer an, mat enger Touch vun Vintage, an sou gemittlech! Fir hier en Cachet ze gi, spillen mir mat enger Associatioun vu Faarwen a Materialien! Vun der Tapéit bis zu de Still, hei kann een spilleresch entdecken an d’Fantasie frei lafen ze loossen.

Mir kombinéieren Design, un dësem Dësch aus rengen Linnen, an Vintage mat dësen kontrasträichen Still. Lieder ass ausgesicht gi fir déi natierlech Seid, an den Samett als klengen Rappell vun deenen waarmen Téin vum Dekor fir des glamouréis Atmosphär ervir ze hiewen.

Kichechef - Kichen - Schick a Warm
Schick a Warm

Schick a Warm

Gro ass eng trendy an zäitlos Faarf, déi sech der Atmosphär upasst déi si gär erschafen well. An dëser Kichen ass eng faarwefrou Nisch integréiert, déi duerch hier Plättercher dat grot mat hiren frouen an äerdegen Faarwen opwäert. Duerch desen originell a perséinlech Touch bréngen Plättercher eng Déift an erzielen eng Geschicht…

D’ Kombinatioun mat dem schéinen donkel roudem Service aus Porzeläin betounen déi liichtend a schick Seid vun dëser facettëräicher Kichen.

Kichechef - Kichen - Kloer an Elegant
Kloer an Elegant

Kloer an Elegant

Gro, wäiss an Holz, eng schéin Kombinatioun vun Faarwen an Nuancen déi des Kichen modern a gläichzäiteg Luucht an Einfachheet bréngen.

Einfach Linnen a kleng Volummen … et fënnt een an dëser Kichen genau souvill Einfachheet ewéi Raffinesse. Dësen schéinen weisen Service mat sengem rengen, handgemoolten Bord gin der Kichen eng zousätzlechen Brise vun Finesse an Eleganz.

Coups de CoeurInspiratiounen