Loading

Liwwerung bannent 5 Schaffdeeg fir all online Bestellung!

Kichechef - Living - Douce an Authentesch
Douce an Authentesch

Douce an Authentesch

Fir déi eng ass et aalt-Rosa fir di aner ass et orange-brong. D’Faarf terracotta gëtt et an onendlech villen Téin, déi all eng authentesch an eemoleg Atmosphär bidden.

An dëser Ambiance gëtt terracotta-Faarf mat neutralen an hellen téin wei gro a rosa kombinéiert. Hei gëtt et mat engem gro gerëpptem Samett-Canapé kombinéiert, fir een gemittlechen Effet an den originell opgehaangen Teppech gëtt eng kleng Aqua-Touch.

Kichechef - Salle à manger - Wonnerschéinen Terracotta Toun
Wonnerschéinen Terracotta Toun

Wonnerschéinen Terracotta Toun

Mir invitéieren Iech op eng Rees duerch eis speziell zesummegestallten «Iesszëmmer»-Atmosphär! Des waarm Atmosphär bitt eng subtil Mëschung aus Orange- an Taupe-Nuancen, et ass eng Mëschung aus liichtend an warmen Téin déi hei gemëscht sinn… Des frëndlech an dynamesch Faarwen sinn perfekt fir all Iesszëmmer.

Kichechef - Schlofkummer - Kraaft vun de Blummen
Kraaft vun de Blummen

Kraaft vun de Blummen

Hochzäit vu Schick an Blummen an dësem sou gemittlechen Zëmmer… Fir des Atmosphär ze erschafen trauen mir ons un een Khaki-Bett mat sengem villsäitegen liichtenden Faarf Toun mat waarmen Téin wei bordeaux-rout oder al-rosa kombinéiert an dann nach puer Blummen Akzenter, an d’Faarf Khaki entfaalt hier ganz Liichtkraaft!

Kichechef - Salle à manger - Gemittlecht Iesszëmmer
Gemittlecht Iesszëmmer

Gemittlecht Iesszëmmer

Goldeg Faarwen an déif Téin tauchen an eng heemlech, gemittlech Atmosphär vun dësem Iesszëmmer an, mat enger Touch vun Vintage, an sou gemittlech! Fir hier en Cachet ze gi, spillen mir mat enger Associatioun vu Faarwen a Materialien! Vun der Tapéit bis zu de Still, hei kann een spilleresch entdecken an d’Fantasie frei lafen ze loossen.

Mir kombinéieren Design, un dësem Dësch aus rengen Linnen, an Vintage mat dësen kontrasträichen Still. Lieder ass ausgesicht gi fir déi natierlech Seid, an den Samett als klengen Rappell vun deenen waarmen Téin vum Dekor fir des glamouréis Atmosphär ervir ze hiewen.

Kichechef - Kichen - Schick a Warm
Schick a Warm

Schick a Warm

Gro ass eng trendy an zäitlos Faarf, déi sech der Atmosphär upasst déi si gär erschafen well. An dëser Kichen ass eng faarwefrou Nisch integréiert, déi duerch hier Plättercher dat grot mat hiren frouen an äerdegen Faarwen opwäert. Duerch desen originell a perséinlech Touch bréngen Plättercher eng Déift an erzielen eng Geschicht…

D’ Kombinatioun mat dem schéinen donkel roudem Service aus Porzeläin betounen déi liichtend a schick Seid vun dëser facettëräicher Kichen.

Kichechef - Kichen - Douce an Einfach
Douce an Einfach

Douce an Einfach

Elegant, zäitlos a virun allem hell, des weis Kichen kombinéiert mat Holz, ass a bleift eng Valeur sûre.

Den einfachen Design zesummen mat der subtiller Mëschung vun Pastellfaarwen, esou straalt des Kichen op eng natierlech Aart a Weis een Gefill vun Gemittlechkeet an Wuelbefannen aus.

Kichechef - Living - La Vie en Rose
La Vie en Rose

La Vie en Rose

Rosa ass ouni Zweiwel eng frou a lieweg Faarf, déi vill Stëmmungen a Stiler beschreiwen kann. Hieren Pastell Pudertoun an hier Hellegkeet verbreeden sech am ganzen Haus. Hier Eleganz vermëscht sech mat enger Touch vun Poesie, d’Atmosphär gëtt subtil erwiermt.

Rosa kann mat verschiddene Faarwe kombinéiert gin. Hei hunn mir et kombinéiert mat gro fir d’Eleganz, mat weis fir déi soft Säit an och mat Bordeaux rout fir méi déift an een cocooning Effekt ze kréien. An all dat mam Spill vun verschiddenen Texturen a Materialien.

Kichechef - Kichen - Kloer an Elegant
Kloer an Elegant

Kloer an Elegant

Gro, wäiss an Holz, eng schéin Kombinatioun vun Faarwen an Nuancen déi des Kichen modern a gläichzäiteg Luucht an Einfachheet bréngen.

Einfach Linnen a kleng Volummen … et fënnt een an dëser Kichen genau souvill Einfachheet ewéi Raffinesse. Dësen schéinen weisen Service mat sengem rengen, handgemoolten Bord gin der Kichen eng zousätzlechen Brise vun Finesse an Eleganz.

Kichechef - Kichen - Natierleche Charme
Natierleche Charme

Natierleche Charme

Donkel Faarwen an der Kichen gi ëmmer méi attraktive… si gi der Kichen Perséinlechkeet a Stil. Des Kichen ass een wierklech dekorativen Raum den zur Stuff hin op ass an eng waarm a frëndlech Atmosphär erschaaft.

An dëser Atmosphär gefält eis och Zesummespill vun der rauer an net perfekter Textur vum Service zu den rengen Linnen déi der Kichen Authentizitéit an Déift gin.

Coups de CoeurChrëschtkaddoen