
Déi schéin Deeg sinn rëm do a verwandelen eise Gäart an een Liewensraum dobaussen. Äre Gärt invitéiert Iech ënnert engem Sonneprabbeli ze entspanen.
E schéine Salon, gemittlech an sober, dréit derzou bei eng Platz ze schafen wou ee gären mat der Famill zesummen en Apero drénkt oder a Rou e gutt Buch liest.
Dës Atmosphär erënnert un den berouegenden a sonnegen Charme vun Südfrankräich. Mir loossen eis vun de kräftegen Faarwen vun dësem beigen Canapé inspiréieren, fir d‘Natur ervirzeruffen, mat enger Tapisserei a berouegender Atmosphär.
Fir dës gemittlech a hell Atmosphär ze ervir ze bréngen, gëtt si kombinéiert mat Materialien, déi dee klengen extra Touch bréngen. Fir e schéint Resultat!
Gro ass eng trendy an zäitlos Faarf, déi sech der Atmosphär upasst déi si gär erschafen well. An dëser Kichen ass eng faarwefrou Nisch integréiert, déi duerch hier Plättercher dat grot mat hiren frouen an äerdegen Faarwen opwäert. Duerch desen originell a perséinlech Touch bréngen Plättercher eng Déift an erzielen eng Geschicht…
D’ Kombinatioun mat dem schéinen donkel roudem Service aus Porzeläin betounen déi liichtend a schick Seid vun dëser facettëräicher Kichen.
Fir déi eng ass et aalt-Rosa fir di aner ass et orange-brong. D’Faarf terracotta gëtt et an onendlech villen Téin, déi all eng authentesch an eemoleg Atmosphär bidden.
An dëser Ambiance gëtt terracotta-Faarf mat neutralen an hellen téin wei gro a rosa kombinéiert. Hei gëtt et mat engem gro gerëpptem Samett-Canapé kombinéiert, fir een gemittlechen Effet an den originell opgehaangen Teppech gëtt eng kleng Aqua-Touch.
Dees salle à manger verbreet eng gemittlech a gesëllech Atmosphär fir mat Famill a Frënn zesummen ze setzen.Fir eng authentesch Atmosphär ze schafen, setze mir hei ob neutral an authentesch Téin, beige a marron, ofgesat mat schwäerz, gro an e puer méi hellen Téin.
Raffinéiert bréngt déi donkel Faarf Décoration an Eleganz an all Faarwen zesummen verbreeden eng ganz villfälteg Ambiance.