Profitéiert a vollen Zich vun de schéine Summerdeeg, andeems Dir Iech bequeem a geselleg Bausseberäicher ariicht. Fir am Schied vun engem schéine Sonneprabbeli den Apero ze genéissen, eng kleng Mëttesrascht ze halen … a firwat net e Gaardesalon op Ärer Terrass ariichten? Oder wëllt Dir léiwer mat Frënn a Famill e Barbecue un engem schéi gedeckten Dësch am Fräie genéissen? Beim Kichechef fannt Dir alles, fir béides ze genéissen, an nach vill méi.