De Living, Cocooning-Beräich par excellence, wou ee sech mat der Famill ameséieren oder no engem laangen Aarbechtsdag entspane kann, muss virun allem bequeem a wunnlech sinn. Huelt Iech déi néideg Zäit, fir déi richteg Fotellen, d’Couche an de Relax, also d’Haaptelementer vun dësem wichtege Raum, erauszesichen. Da feele just nach e schéinen niddregen Dësch, d’Tëleesmiwwelen oder eng Bibliothéik. Duerch de Choix vun de Materialien, de Faarwen an, net ze vergiessen, engem schéinen Teppech a Luuchten, kënnt Dir eenzegaarteg Ambiancë schafen, a Beräicher, an deenen Dir Iech richteg wuelfillt.