Iwwer Kichechef

Genéisst dat schéint Gefill, doheem ze sinn, a bequeemen, waarmen a berouegende Raimlechkeeten. Fir dass Dir Iech doheem wuelfillt a wonnerbar Erënnerunge schafe kënnt, hëllefen eis Ekippen Iech, Raim ze gestalten, déi bei Iech passen. Loosst Iech inspiréieren a beroden.

kichechef-building-02-1-1024x575

Notre histoire

Kichechef - Zënter 1976

Dem Kichechef seng Geschicht huet scho viru ville Joren ugefaangen. Mir droen dozou bäi, Beräicher ze schafen, an deenen et sech gutt liewe léisst, an dat schonn zënter … 1976. Ugefaangen huet alles mat engem Geschäft zu Walfer, dat op de Verkaf vu Kiche spezialiséiert war. Zanterhier hu mir eis Aktivitéite weiderentwéckelt an d’Offer no an no ausgebaut, mat engem éischten Espace zu Bäreldeng, deen 1984 seng Dieren ënnert dem Numm Decorama opgemaach huet.

photo-lit
Motif chic boutique

Depuis les années 2000

Am Joer 2000 goung dann effektiv eisen aktuellen Ausstellungsberäich op (deen 2010 nach eemol vergréissert gouf), a mir hunn eisen Numm a Kichechef geännert. Dat alles, fir Iech d’Méiglechkeet ze ginn, zesumme mat eis déi neisten Trends a ville verschiddene Welten ze entdecken.

Am Laf vun der Zäit hu mir eis ëmmer erëm erneiert, woubäi eist Zil ëmmer dat selwecht war: Iech ze erméiglechen, all Raum bei Iech doheem no Äre Wënsch a Virstellungen anzeriichten.

homieland-image

Homieland for Kids

Wärend Dir no Loscht a Laun duerch d’Ausstellungsraim vum Kichechef flanéiert, erlieft Äert Kand vill flott Abenteuer am Homieland, eisem wonnerbare Spillberäich fir d’Butzen. Zesumme mat eisen Animateure kënnen d’Kanner hei eis verschidde Welten entdecken, un déi si sech mat Sécherheet erënnere wäerten.

brasserie-da-capo
Motif chic boutique

Da Capo

Loscht op eng kleng Paus wärend Ärem Besuch beim Kichechef? An eiser Brasserie Da Capo kënnt Dir Iech an engem waarmen a gemittleche Kader un den Dësch setzen, fir eppes Klenges z’iessen oder ze drénken. Entdeckt eis Gedrénkskaart an eis leckere Platen. Do ass fir jiddereen eppes dobäi.

kichechef-dog-caddy-e1694501162172
Motif

Äert Hausdéier gehéiert zur Famill

An dofir hu mir och genuch Plaz fir eis kleng Frënn an de Gäng vun eisen Ausstellungsberäicher virgesinn. Bréngt se roueg bei Ärem nächste Besuch mat. Vläicht wëlle si och e Wuert matschwätzen, wann et drëms geet, Är Wunnraim ze verbesseren.

Home Sweet Home for everyone

"Home Sweet Home ass ganz einfach eng Plaz wou d'Léift ass ..."
Fannt eraus wat dëse Slogan fir Kichechef Mataarbechter bedeit.