![](https://www.kichechef.lu/wp-content/uploads/2023/09/KC_03.23_3856.jpg)
Natierlech, hell a frësch: e confortabelt Bett fir duuss Nuechten!
An dësem duussen a gemittlechen Zëmmer setzt déi frëndlech Tapisserie op echt Naturelementer, a bréngt d’Natur bei eis heem, wou mir eis gebuerge fillen. An dat deet einfach nëmme gutt! Positiv Energie tanken, fir eisen Alldag ze verschéineren … an eis Nuechten.
![Photo chambre papillons](https://www.kichechef.lu/wp-content/uploads/2023/09/KC_03.23_3869.jpg)
![KC_03.23_3868](https://www.kichechef.lu/wp-content/uploads/2023/09/KC_03.23_3868.jpg)
Eng Mëschung tëschent frësch an duuss, e Mix aus natierlechen a Fréijorstéin bréngt e frëschen, liichten an ëmaarmende Wand an dës Kummer, an där och d’Wiel vum Bett ass keen Zoufall ass. De Kordsamet straalt Sënnlechkeet aus, an esou iwwerrascht et net, datt e bei dësem Bett dominéiert an e spierbaart Gefill vu Gemittlechkeet vermëttelt, an dat een sech gär fale léisst.